Mardi, 21 octobre 2025
de 9h à 16h

Zwischen Aufklärung und Realität: Fachrunde zum Thema Pornografie

Dir wëllt gäre wësse, wéi Dir am Unterrecht mam Tabuthema « Pornografie » ëmgoe kënnt? Wéi Dir réageiere sollt wann Schüler domat a Kontakt kommen oder Froen dozou stellen? Wéi eng Roll a Verantwortung Dir als Léierpersonal hutt, wann esou Inhalter an Chatgruppe vun der Klass kurséieren? Oder wéi Dir mat Schüler iwwer selxuell representéiert Inhalter schwätze kënnt-informéiert, sensibel a pedagogesch fundéiert? Am Schoulalldag komme mir ëmmer erëm a Situatiounen wou mir eis froen: Wéi soll ech elo réageieren? Wéi kann ech dat Thema professionell a kompetent behandelen? D’Onsécherheet kënnt heiansdo einfach dohier, datt et net kloer ass, wou een Hëllef oder konkret Handhabung fënnt. BEE SECURE organiséiert dofir mat dëser Fachronn en Event, deen Iech d’Méiglechkeet gëtt, Är Froen, Umierkungen, a Bedenken am Zesummenhang mat Pornografie, Jugendmedienschutz, Medienopklärung, Dateschutz a Recht un ausgewielte Spezialistinnen ze stellen. Mat dobäi sinn: KJT (BEE SECURE Helpline), de Planning Familial, de CESAS an den ZEV déi Iech op Är Froe kompetent äntweren. D’Zil vun dësem Event ass et och, op Basis vun Ären Erfahrungen a Froen, praktesch orientéiert Richtlinnen auszeschaffen, déi dem konkrete Besoin vun de Leit um Terrain gerecht ginn. Mellt Iech dofir w.e.g séier op eis Fachronn un. D’Expertinnen frëen sech op Är Participatioun!

 

2 Sessions:

21. Oktober 2025 vun 9.00-11.00

23. Oktober 2025 vun 14.00-16.00

Umellung: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/293394?s=porno&tab=A

Echange

LU

Lieu

Online

Organisateur•e•s

BEE SECURE/Service national de la Jeunesse, CESAS, ZEV, Planning Familial, KJT