Mir invitéieren Iech häerzlech op eis Konferenz zum Thema „Schéinheetsdrock a sozial Medien“ den 18. Juni am CID.
Besonnesch elo virum Summer ass d’Thema ganz aktuell: Schéinheetsidealer a sozial Medien beaflossen, wéi mir Kierper gesinn, bewäerten an erliewen – an dat dacks net ouni Drock.
Am Virtrag verbanne mir praktesch Erfarungen aus eise Workshops mat Schoulklassen mat feministeschen Usiichten a stellen eis d’Fro:
Wem déngen dës Idealer – a wéi kënne mir hinnen entgéintwierken?
Doriwwer eraus huele mir eis no der Presentatioun Zäit fir en oppenen Austausch, fir zesummen ze diskutéieren an nei Perspektiven z’entwéckelen.
Praktesch Informatiounen
- Datum: 18.06.2026
- Auerzäit: 18.00 – 20.00
- Wou: CID | Fraen an Gender 14, rue Beck L-1222 Luxembourg
- Sprooch: LU / DE
- Umeldung: info@cid-fg.lu