Dir schafft mat jonke Leit an Dir wëllt wëssen, wéi ee sexuell Bildung sënnvoll an attraktiv gestalte kann andeems een d’Froe vun de Jonken opgraift. Da besicht eis Formatioune vun Expert‘en zu verschiddenen Theme vun der affektiver a sexueller Gesondheet: Pubertéit an Anatomie, Verhütung, Diversitéit, IST, Medien a Sexualitéit, Sexuell Rechter a Gewalt a méi.
Dës Formatioun ass eng Aféierung fir d’Benotzung vum Guide Let’s Talk about Sex!. Si ëmfaasst allgemeng Informatiounen iwwert d’affektiv a sexuell Gesondheet souwéi méi spezifesch Inhalter aus dem Kapitel 1, dat ënner anerem op kierperlech Diversitéiten, sexuell Orientéierungen an Genderdiversitéit ageet.
No engem Iwwerbléck iwwer déi verschidde Geschlechtsidentitéiten, Geschlechtsausdréck, sexuell Orientéierungen an de Begrëff vum „bei der Gebuert zougewisent Geschlecht“, wäerte mir kucken, wéi dës Realitéiten an d‘affektiv a sexuell Bildung integréiert kënne ginn. Dës Formatioun huet als Haaptzil, de Professionellen, déi mat Jonke schaffen, ze vermëttelen, wat a wéi si op Froen am Zesummenhang mat LGBTIQ+-Themen äntwere kënnen oder – wann néideg – weider verweisen.
Umellung via Plattform.lu
Umellung via Ifen