6 Okt. 2026 — 13h00-17h00

Let’s Talk about Sex – Pubertéit an Anatomie

Schafft Dir mat Jonker a hutt Froen iwwer déi « richteg » Method fir d’Jonker iwwer d’sexuell an affektiv Gesondheet opzeklären oder hir Froen ze beäntwerten? Maacht mat bei eis Formatiounen, déi verschidden Themen am Zesummenhang mat sexueller an affektiver Gesondheet traitéieren, wéi Anatomie a Verhütung, Gender, IST, Präventioun a vill méi. Des Formatiounen mat Expert’en zu ënnerschiddlechen Themen, erméiglechen Iech, richteg Alliéiert fir d’Jonker ze ginn.

Dës Formatioun ass eng éischt Aféierung fir d’Benotzung vum Guide Let’s Talk about Sex!. D’Formatioun beinhalt Informatiounen zu der affektiver a sexueller Gesondheet an traitéiert den Kapitel  2 vum Guide, an beschäftegt sech mam Thema Pubertéit an Anatomie. Dës Formatioun beschreift déi verschidde biologesch, psychologesch an emotional Phänomener, déi während der Pubertéit optriede kënnen. Ënner anerem ginn d’Anatomie an d’Pubertéit mat enger globaler Approche diskutéiert, déi och Aspekter wéi Konsens, éischt sexuell an romantesch Erfarungen integréiert. D’Haaptzil vun dëser Formatioun ass et, Fachkräfte, déi mat Jonker schaffen, mat Wëssen an Kompetenzen auszestatten, fir op Froen vu de Jonker äntweren ze kennen.

Inscription via Ifen

Inscription via Plattform.lu

Fortbildungen für Fachkräfte

LU

Ort

Planning Familial

Organisatoren

Cesas und Partner.innen