Dës Formatioun ass eng Aféierung fir d’Benotzung vum Guide Let’s Talk about Sex!. Si ëmfaasst allgemeng Informatioune iwwert d’affektiv a sexuell Gesondheet souwéi méi spezifesch Inhalter aus dem Kapitel 5 vum Guide, wat sech mat sexuelle Rechter a Gewalt beschäftegt. Fir sech dem Thema vun der sexualiséierter Gewalt unzehuelen, ass et wichteg d’Mechanisme vun der Gewalt, d’Strategië vun den Täter.innen an d’Konsequenze fir déi Betraffen ze verstoen. Mir diskutéieren iwwer d‘Sensibiliséierung vun de Jonken zum Thema Konsens an zu de Forme vu sexuellem Mëssbrauch; mir schwätzen och doriwwer, wéi wichteg et ass, sech ze offenbaren, wann et zu engem Iwwergrëff kënnt. hFir déi Professionell op dës spezifesch Preventiounsthemen ze preparéieren, wäerte mir och op hier berufflech Haltung agoen. Dës Formatioun soll si doran ënnerstëtzen, de Jugendlechen ob hier Froen iwwer sexuell Rechter a Gewalt ze äntweren.
Inscription via Ifen: https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/287905?s=ltas
Inscription pour le non-formel: https://plattform.public.lu/fr/formations-standard/3000/3800/3804.html