De 16. Mee invitéiert de CID | Fraen an Gender Iech ee feministesche Bléck op ausgewielte Biller vun der renomméierter Fotografin Linsey Addario ze geheien. Am Kader vun enger Visite guidée duerch d’Fotoausstellung „Women in War“ am Nationale Resistenzmusée zu Esch, gëtt een gendersensibele Fokus op Krich- a Konfliktsituatioune geluecht. Theme wäerte sinn: D’Ursaache vu Vergewaltegung als Krichswaff, d’Bedeitung vun enger feministescher Aussepolitik an Iwwerleeungen zu engem feministesche Friddensbegrëff.
Dës Veranstaltung fënnt a Kooperatioun mam Nationale Resistenzmusée statt a gëtt duerch de Kulturministère an de Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit ënnerstëtzt.
Praktesch Informatiounen
- 16/05/2026 ab 16.00
- D’Visite wäert op Lëtzebuergesch sinn.
- Sidd Dir interesséiert? Da mellt iech w.e.g. ënnert info@cid-fg.lu un.
- Fir Réckfroe steet Iech zu Verfügung: Isabelle Schmoetten – Chargée de direction (ischmoetten@cid-fg.lu)